III Mir hunn a schwe'rer Zeit Trei bekannt, t'gong fir d'Freihét an et gong fir d'Land; mir hunn a schwe'rer Zeit Trei bekannt, d'E'er agesat zum Ennerpand. A wann eng nei Gefôr en drêt, mir si berêt, mir halen nês mat Hierz a Wëlle stand; Da stêt rem fro' a stolz Hand an Hand Gro'ß a Kleng am Letzeburger Land.

IV So' werden s'ëmmerzo' êneg gôn, Fürst a Vollek Frêd we' Lêd mat drôn; So' werden s'ëmmerzo' êneg gôn, Ganz hir Pflicht ge'nt sech an d'Hémecht dôn; E starke Stâm an âler Erd, an duebel wert mat freier Kro'n voll Saft a Sonn ze stôn. O Herrgott, lêt du trei Hand an Hand d'Kanner vun dem Letzeburger Land!I Zwee Kinnékskanner, déi trei sech léif, koumen ausenaaner, wäit an déif. Zwee Kinnékskanner, déi trei sech léif, hu gebaangt, op d'Gléck nach bléie géif. Haut weisen si der ganzer Welt an engem Feld d'Goldlilie mat dem roude Krouneléif. Haut steet ëm si voll Freed, Hand an Hand, d'Vollék vun dem Lëtzebuerger Land.

II Nun as verbäi de Stuurm, d'Nout as aus, d'Menschheet trëtt erléist an d'Liicht eraus. Nun as verbäi de Stuurm, d'Nout as aus: Lëtzebuerg bleift Här am eegnen Haus. Den Himmel huet no laanger Nuecht d'neit Freijor bruecht a rëscht all Dir mat grénger Friddensstrauss. Lo steet erem sou frou, Hand an Hand, Grouss a Kleng am Lëtzebuerger Land.